CGDISDirekt 2 Accidenter e Samschdeg géint 22 Auer op der A4

RTL Lëtzebuerg
4 Blesséierter bei zwee Accidenter gouf et e Samschdeg den Owend um 22 Auer um Zéissenger Kräiz op der A4 a Richtung Esch.

Um kuerz virun 23 Auer war e Motard gefall, dat op der Tréierer Autobunn op der Héicht vum Cargozenter.

Um 00.30 Auer gouf eng Persoun bei dengem Autosaccident zu Ollem um Boulevard Schuman verwonnt.

An der rue du Fort Neipperg an der Stad hat um 4 Auer e Sonndeg de Moien en Daach gebrannt. Et koum keen zu Schued.

En Accident dann nach op der Escher Autobunn tëscht Féiz a Lalleng kuerz virun 4.30 Auer. Och hei gouf kee verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO