Ronderëm DikrechDirekt dräi gréisser Alkoholkontrolle vun der Police e Sonndeg
RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg haten d'Beamte vun der Police sech zu Angelduerf, tëscht Dikrech an Ierpeldeng an um Fridhaff positionéiert.
Update: 08.12.2025 17:54
Tëscht 21 an 2 Auer goufen esou 285 Automobiliste kontrolléiert, och wa si net duerch eng Infraktioun oder e komesche Fuerstil opgefall sinn. A 24 Fäll war den Alkoholtest positiv, et gouf 10 Procès-verballen an 7 Avertissements taxéen ausgestallt.