
An der Nuecht op e Sonndeg géint 00.20 Auer huet d'Police bei direkt 2 Caféë missen intervenéieren, well dës hir Dieren nach net zougemaach haten. An engem Lokal zu Esch waren nach ongeféier 40 Clienten dobannen, déi sech weder un de Sécherheetsofstand gehalen hunn, nach eng Mask unhaten. An engem zweete Lokal zu Esch waren nach 12 Gäscht dobäi een ze drénken, ouni déi sanitär Reegelen anzehalen.
An der Stad hat dann um 1.20 Auer e Café nach ëmmer op. Och hei waren nach 40 Leit dobannen, am Gaangen ze drénken an och hei gouf sech net un déi sanitär Reegele gehalen.
Sämtlech Lokaler sinn direkt zougemaach ginn an e Bericht gouf un de Ministère de l'Economie geschéckt. D'Besëtzer vun de Lokaler riskéieren eng fatzeg Geldstrof a kéinten hir Lizenz entzu kréien. Eigentlech missten d'Lokaler jo um 24 Auer hir Dieren zoumaachen.
