
Kontrolle goufen et an enger ganzer Partie vu Gebailechkeeten, dat am Kader vun der Drogekriminalitéit, sou wéi ënnert anerem den Immigratiounsgesetzer.
Ronn 30 Persoune goufe kontrolléiert, 4 Leit goufe wéinst Besëtz vun Droge festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter. Eng Persoun koum an de Centre de rétention.

Am Ganze goufe bei der Kontroll 144 Drogeplomben, 90,5 Gramm Cannabis, 80,5 Gramm Haschisch, 8,6 Gramm Kokain, 7 Handyen an eng gréisser Zomm Geld séchergestallt.
Un dëser Kontroll ware 40 Beamte vun der Police an der Douane bedeelegt. Och 2 Hënn vun der Police waren am Asaz.