Dat hunn den Direkter vun der Inspection du travail et des mines Marco Boly an den Aarbechtsminister Georges Engel en Donneschdeg de Mëtteg am Kader vun der Presentatioun vum Bilan vun der ITM fir d’Joer 2022 betount. D’ITM géif weider un hirem Image schaffen a wéilt no baussen och als Partner wouer geholl ginn, dee begleet, beréit a sensibiliséiert.
D’Sécherheet an d’Gesondheet op der Aarbechtsplaz wier eng zentral Responsabilitéit vun der Inspection du Travail et des mines, huet den Aarbechtsminister Georges Engel ënnerstrach. Ouni d’ITM wieren d’Aarbechtskonditiounen vu ville Leit manner gutt. “Ouni d’ITM hätte mer net déi Sécherheet op der Aarbechtsplaz, déi mer haut hunn, ouni d’ITM wieren d’Aarbechtskontrakter vun de Salariéeë warscheinlech och net déi, déi se haut an de meeschte Fäll sinn.”
Wat dann allerdéngs d’Kontrollen ugeet, goufen där zejoert iwwer 10.000 gemaach. A ronn 2.400 Fäll gouf et eng Geldstrof. Am Ganze sinn op dësem Wee 10,5 Milliounen Euro an d’Kees vum Enregistrement gefloss. Dem Direkter vun der ITM Marco Boly no wier de sozialen Dumping nach ëmmer e grousse Problem:
“Dir musst Iech virstellen, datt wann der a Bulgarie schafft, der e Stonneloun vun 2 Euro d’Stonn hutt, hei zu Lëtzebuerg iwwer 13 beim Qualifizéierten. Wann e Bulgar also heihi schaffe kënnt, mengt en, datt wann en 8 Euro kritt, mengt en, en hätt den Herrgott mat der décker Zéif, mä am Endeffekt ass en nach largement ënnerbezuelt vun deem wat e muss kréien.”
D’ITM gëtt iwwerdeems och bei Aarbechtsaccidenter geruff. Engersäits kuckt se dann, wien sengen Obligatiounen net nokomm ass, an ob de Chantier muss zou gemaach ginn:
“D’Fermeture bréngt haut méi wéi de Protokoll. Bei Sanktioune vun 251 bis 25.000 Euro. Fir verschidden Entreprisen sinn dat Protokoller déi eigentlech net sou schlëmm sinn a wou eng Fermeture vum Chantier vill méi gräift an d’Leit vill méi raisonnabel sinn, fir dann de Bestëmmungen nozekommen, wéi de Code de travail et virgesäit a wéi d’ITM dogéint virgeet”
De Marco Boly huet dann nach betount, datt hien hofft, datt de Gesetzesprojet wat d’Aarbechtsmedezin betrëfft, nach virun de Walen deposéiert gëtt. E Freideg géif een an deem Kontext och d’Sozialpartner gesinn, fir ze kucken a wéi eng Richtung ee goe kéint.