PoliceDivers Abréch an Haiser an a Gefierer

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, goufen an alle Fäll Ermëttlungen ageleet.

An de leschte Stonne koum et op d’mannst zu dräi Abréch an Haiser. Dat eng Kéier um Houwald an der Bierchemerstrooss, dat tëscht 7.30 a 17.00 Auer e Méindeg, dann am Laf vum Méindeg Nomëtteg an en Eefamilljenhaus an der Escherstrooss zu Keel an en Dënschdeg de Moien tëscht 4 a 6 Auer an der Duerfstrooss zu Mënjecker.

Da gouf och a verschidde Gefierer agebrach. Dat eng Kéier op enger Bensinnsstatioun an der Escher Strooss an der Stad. Hei gouf tëscht 8.30 an 18.30 Auer eng Posch an e Sonnebrëll geklaut. Zu Manternach gouf dann zwee Autoen agebrach, datt virun Haiser an der Stroossen “Feeschtesch” an “um Groesteen”. Aus de Ween goufen ënner anerem d’Pabeiere geklaut. En Handy an e Portmonnie goufen dann zu Beetebuerg an der Rue de la Montagne aus engem Auto matgeholl.

Zu Colmer-Bierg gouf an e Camion agebrach, deen op engem Parking vun enger Firma stoung. An zwou Camionnette goufen zu Munneref a Réimech opgebrach. Hei haten d’Täter e Lach an d’Karosserie geschnidden, fir un de Grëff vun der Dier ze kommen, fir d’Ween esou opzemaachen. Si hunn Aarbechtsgeschier, wat an de Camionnette louch, matgoe gelooss.

Back to Top
CIM LOGO