Wiessel bei déi Gréng um KongressD’Joëlle Welfring léist d’Carole Dieschbourg als Ëmweltministesch of

Anne Wolff
Vill Tréine goufen et e Samschdeg de Moien um ausseruerdentleche Kongress vun deene Gréngen an der Abtei Neimënster.
Wiessel bei déi Gréng
D’Joëlle Welfring ass zanter e Mëttwoch Member vun der grénger Partei, huet awer betount, dass de Schrack an d’Politik fir si eng logesch Konsequenz wier

Do huet d’Joëlle Welfring e Samschdeg d’Relève vum Carole Dieschbourg ugetrueden.

De Parteipresident Meris Šehovic huet der fréierer Ministesch Merci gesot an dobäi selwer mat den Tréine gekämpft. Et wéilt een elo zesummen no vir kucken. D’Carole Dieschbourg krut mat Standing Ovations Äddi gesot. De Vize-Premier François Bausch huet dann awer nach emol de Réckbléck gemaach a kritiséiert, dass déi fréier Ministesch dacks perséinlech attackéiert gi wier. D’Vertraue vun de Wieler an déi Gréng wier awer net ugekraazt, och wann d’Partei et méi schwéier gemaach kréich wéi anerer.

D’Joëlle Welfring ass zanter e Mëttwoch Member vun der grénger Partei, huet awer betount, dass de Schrack an d’Politik fir si eng logesch Konsequenz vun hirer Aarbecht wier. Déi gebierteg Escherin war réischt am Mäerz déi nei Direktesch vun der Ëmweltverwaltung ginn. Hir Nominatioun gouf mat 174 vun den 175 Stëmmen ugeholl. E Méindeg gëtt d’'Joëlle Welfring am Palais vum Grand-Duc als nei Ëmweltministesch vereedegt.

PDF: Schreiwes vun déi Gréng

Back to Top
CIM LOGO