
D'Kollektivvertragsverhandlunge beim Cactus sinn an enger Sakgaass ukomm. Dat trotz den excellente Resultater vun der Lëtzebuerger Supermarchéschaîne. Eng 4.000 Leit si beim Cactus agestallt, 3.200 sollen ënnert den neie Kollektivvertrag falen.
Zanter Januar dësem Joer wier een an den Negociatiounen net wierklech weiderkomm. Dofir hätt een e Freideg de Moien decidéiert, déi lescht Offer vum Cactus ofzeleenen, erkläert den David Angel, Zentralsekretär vum OGBL.
„Et kann esou net sinn. De Chiffre d'Affaires, d'Beneficer si massiv an d'Luucht gaangen. D'lescht Joer war et e ganz gutt Joer fir Cactus. De Cactus steet ganz gutt do, och an engem Ëmfeld mat vill Konkurrenz. Do ass fir eis en Desequiliber tëscht der ekonomescher Entwécklung vum Betrib an och den Efforten, déi vun de Salariéë verlaangt ginn. Wou een och muss soen, datt ëmmer méi mat ëmmer manner Moyennë muss gemaach ginn.“
Eng vun den zentrale Fuerderunge wier et, d'Salairen net méi all 3 Joer, mä an Zukunft all 2 Joer ëm 25 Euro eropzesetzen. Bei den automateschen Upassunge vum Mindestloun géifen déi ënnescht Salairë beim Cactus den Ament net gutt ewechkommen, esou d'Kritik vum OGBL.