Mat eiser eegener Walkabinn ware mir an de Gemenge Lëtzebuerg, Esch-Uelzecht, Dikrech a Réimech ënnerwee.
Am éischten Episod féiert et eis an den Zentrum an d’Gemeng Lëtzebuerg. Ganzer 132.778 Awunner ginn et hei, dat ass ronn ee Fënneftel vun der Populatioun am Grand-Duché. Do misste genuch Leit ënnerwee sinn, déi eis eppes iwwert hir Gemeng kënnen erzielen.