CSV iwwert d'AgrarpolitikD'Landwirtschaft ass en Deel vun der Léisung, net just vum Problem

Lynn Cruchten
Dat seet d'CSV, déi e Freideg en 9-Punkte-Plang mat lauter Virschléi presentéiert huet.
CSV iwwert d'Agrarpolitik
D'Landwirtschaft ass en Deel vun der Léisung, net just vum Problem.

Et ware Virschléi, wéi Bauerebetriber an awer och d'Politik zu enger méi klimafrëndlecher Landwirtschaft kënne bäidroen. D'Lëtzebuerger Landwirtschaft wier zwar just fir 8,8% vun den nationale Klimagase verantwortlech, an trotzdeem misst ee versichen, CO2 a Methan-Emissiounen an de Laachgas ze reduzéieren. D'Biolandwirtschaft an d'Produktioun vun der Bioenergie wieren och wichteg Facteuren am Kontext vum Klimaschutz. Zum Beispill wier den Uschloss vun engem Bauerebetrib un eng Biogasanlag vu Virdeel, erkläert de Bauer Frank Peller.

AUDIO: Frank Peller iwwert d'Agrarpolitik (22.11.19)

D'CSV fuerdert dann och nach d'Schafe vun engem Kompetenzzenter fir d'Landwirtschaft. Dernieft wier e Klima- an Nohaltegkeetscheck néideg, et misst een also berechnen, wou a wéi vill Emissiounen op engem Betrib entstinn. Op der anerer Säit mengt d'CSV Fraktiounscheffin Martine Hansen, wier et awer och wichteg, dass gekuckt géif ginn, wat Betriber indirekt u Gase géifen aspueren.

Martine Hansen iwwert d'Agrarpolitik

© Luc Rollmann

Back to Top
CIM LOGO