Pressekonferenz zum TripartitesaccordD'Leit entlaaschten ouni d'Betriber ze belaaschten

François Aulner
Pierre Jans
"Jo", et kéint ee sech den Tripartitesaccord vu 450 Milliounen Euro leeschten. Dat soten op enger gemeinsamer Pressekonferenz en Dënschdeg de Premier Luc Frieden, de Vizepremier Xavier Bettel an de Finanzminister Gilles Roth.
Pressekonferenz zum Tripartitesaccord
D'Leit entlaaschten ouni d'Betriber ze belaaschten

Dee sot, d'Recettë vum Staat hätte sech déi éischt Méint vum Joer besser entwéckelt ewéi erwaart, mat engem Plus vun 800 Milliounen Euro op den 31. Mee par rapport zum selwechten Zäitraum 2025. Wéinst dem Steiergeheimnis konnt oder wollt hie net soen, op wat dat zeréck ze féiere wier.

"Exzellenten Teamwork", esou de Premier Luc Frieden, huet et erméiglecht, datt ee mat de Gewerkschaften a Patrone sech eens gi wier, fir d'Leit z'entlaaschten ouni d'Betriber ze belaaschten. De Staat mécht dat dëst Joer mat 180 Milliounen Euro an d'nächst Joer nach emol mat 250 Milliounen, 430 Milliounen, déi duerno awer kéinte 450 Millioune sinn. Et si Schätzungen an et ka jo nach vill änneren.

De Vizepremier Xavier Bettel sot: "Déi Verantwortung, déi mer haut hunn, ass net nëmmen eng vun haut, se ass och eng Verantwortung vu muer. Dowéinst war och net 'The sky, the limit', mee och ze kucken, datt mir déi nächst 3 Joer kënne fir déi Politik – ech wëll net, datt mir bei der Tripartite egal wat verspriechen an duerno keng Spideeler, keng Stroossen, keng Schoule méi kënne bauen. Dowéinst sinn ech och frou, datt mir et fäerdegbruecht hunn, en Accord ze fannen, deen awer nach ewéi de Premier sot, eis leeschte kënnen".

Sozial selektiv, wéi ëmmer

De gréisste Batz vum Pak maachen den Deel vun der Hausse vum Mindestloun, déi iwwert e Steierkredit iwwerholl gëtt an d'Upassung vum Barème un d'Inflatioun. Op d'Remark, datt d'Upassung vum Barème eng Mesure mat der Strenz wier, huet de Gilles Roth geäntwert: "Wann ech elo politesch korrekt wier, géing ech Iech Recht gi mat der Strenz, mee et ass dat awer net". Hien huet duerno erkläert, datt well de Steierbarème progressiv ass, méi breet Schëllere méi bezuelen an déi "sozial Selektivitéit" géing een och bei der Upassung vum Barème erëmfannen. Een, dee 5.000 Euro verdéngt, kritt effektiv praktesch de selwechte Steierkredit, respektiv vum 1. Januar manner u Steieren ze bezuelen, ewéi een, dee 15.000 Euro oder 20.000 Euro verdéngt. Duerch dës Erklärung erkennt een zwar och, datt d'Progressivitéit, also d'steierlech Méibelaaschtung relativ fréi eriwwer ass.

De Gilles Roth huet dann och de Saz widderholl: "Schaffe muss sech lounen". Ma d'ADR hat ze bedenke ginn, datt duerch d'Hausse vum Mindestloun den Ecart tëscht deem, deen de Mindestloun verdéngt an engem, dee méi verdéngt, méi kleng gëtt. Hei gouf et dës kuerz Replik vum Finanzminister: "Da solle se ganz einfach d'Steierreform matstëmmen, well mer do méi netto fir de brutto maachen duerch de ganze Steiertarif".

De Staat spréngt net just an, fir d'Kafkraaft vun de Leit z'entlaaschten ouni d'Betriber ze belaaschten, mee och fir direkt Hëllef fir eng 320 Betriber, déi duerch d'Haussë vun den Energiekäschte betraff sinn. Käschtepunkt wieren hei 40 Milliounen Euro. 5 Millioune si fir de primäre Secteur, d'Landwirtschaft an der Enveloppe. 60 Millioune sinn dann och fir dëst Joer just virgesinn, fir d'Präishaussen ze bremsen.

Stroum, Gas, Diesel an Energietransitioun

Den Energieminister Lex Delles huet dann och e Beispill ginn, ewéi sech d'Hëllef deels strenzaarteg néierschloe kann: 217 Euro géing en typesche Stot op 5 - 6 Méint beim Stroum spueren – mat Wäermepompel. Beim Gas wier et 150 Euro fir en duerchschnëttleche Verbrauch. 150 Euro géing ee beim Masutt spueren, de Fall gesat, et géing ee réischt wann d'Brems a Kraaft ass ganz fëllen. Och jee no Fuerverhale ginn d'Leit da méi oder manner beim Diesel entlaascht.

Och wa fossil Energië wéinst dem Schock kuerzfristeg subventionéiert ginn, gesäit den Tripartitesaccord jo och eng Rei weider Mesuren fir d'Energietransitioun vir. De Luc Frieden huet hei betount, datt Leit, déi schonn eng Wäermepompel bestallt hunn, d'zousätzlech Hëllef wäerte kënne kréien, well d'Hausse vum Klimabonus Topup, respektiv d'Prefinanzéierung réckwierkend op den 1. Januar wäerte sinn.

Op der Pressekonferenz gouf de Finanzminister am meeschte vun de Journaliste sollicitéiert, fir Detailer iwwert de Steierkredit fir de Mindestloun oder nach d'Upassung vum Barème. De Premier huet op ganz flott Illustratiounen higewise fir den Detail.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO