
An der Gemeng Keel-Téiteng hat et jo annerhalleft Joer virun de Walen nach e komplette politesche Wiessel un der Spëtzt vun der Gemeng ginn: d’LSAP-Gréng-Koalitioun vum deemolege Buergermeeschter John Lorent war duerch eng CSV-DP-Majoritéit ersat ginn, ugefouert vum Buergermeeschter Jean Weiler (CSV). Rieds goung vun engem reegelrechte “Putsch”, nodeem de Marcel Humbert de Sozialisten de Réck gedréint hat an als onofhängege Conseiller am Gemengerot bliwwen ass. De Koalitiounspartner DP huet lo seng 13 Kandidate fir d’Walen am Juni presentéiert. D’Spëtzekandidate sinn de liberalen Téitenger Schäffe Romain Becker ab de Conseiller Patrick Krings.