
D’CSV Hesper huet déi 17 Kandidate fir d’Gemengewale lancéiert. Spëtzekandidat ass den Député-Maire Marc Lies. Och op der Lëscht sinn d’Schäffin an Deputéiert Diane Adehm souwéi de Schäffe Georges Beck an d’Gemengeréit Robert Leven, Jean Theis, Guy Wester an Anne Huberty. De Véiertgewielte vun 2017 an aktuelle Schäffen, Romain Juncker, geet iwwerdeems dëst Joer net méi zu Hesper mat an d’Walen. Par Rapport zu de leschte Walen klëmmt d’Zuel vun de Conseilleren dëst Joer vu 15 op 17, dat well d’Awunnerzuel geklommen ass. D’Lëscht huet 9 Fraen an 8 Männer. Den Altersduerchschnëtt läit bei 48 Joer.
