Ongewéinlechen AsazD'Lëtzebuerger Police huet e Känguru agefaangen

RTL Lëtzebuerg
Schonn de leschte Weekend hat sech den "Jumper" duerch d'Bascht gemaach.
© Police/Facebook

Zeien haten d'Déier an de leschten Deeg zu Kolpesch, Réiden a Räichel erbléckst. Fir d'Police natierlech en éischter aussergewéinlechen Asaz, well d'Afänke vun engem Känguru net wierklech zu der Grondausbildung vun der Police gehéiert. Mat Hëllef vun der Hondsstaffel konnt d'Déier awer no e puer Versich ouni Problem mat engem Netz agefaange ginn.

© Police

De Proprietär vum Känguru konnt dann och mëttlerweil ermëttelt ginn, sou dass den ongeplangten Ausfluch vum Jumper en Donneschdeg de Mueren op en Enn gaangen ass.

Back to Top
CIM LOGO