
Ënner anerem ginn d’Kompetenze vun der nei gegrënnter Veterinärs- a Liewesmëttel-Inspektioun ALVA determinéiert, déi elo fir de Gros vun de Kontrollen zoustänneg ass.
Da gëtt zum Beispill gereegelt, wéi eng Materialie wéi laang mat Iesswueren däerfen a Kontakt kommen. Och d’Sanktioune bei Verstéiss ginn nei definéiert.