Finanziell SchwieregkeetenD'Mataarbechter vum BENU Village sinn nach ëmmer am Onkloren iwwer hir Zukunft

RTL Lëtzebuerg
Den OGBL mécht an engem Communiqué op en Neits Drock op déi Responsabel vum Projet BENU Village zu Esch.

Et ware jo Dysfonctionnementer bekannt ginn, virop wat d’Finanze vun der Associatioun ugeet. Eng 40 Salariéeë wéissten nach ëmmer net, wéi et ëm si steet.

Politesch responsabel ass d’Stad Esch. Eng Demande fir eng Entrevue beim Buergermeeschter Georges Mischo wär bis ewell net beäntwert ginn, esou d’Gewerkschaft. Fir den OGBL eng inakzeptabel Situatioun, wär de Projet dach grad als sozial an durabel verkaaft a mat ëffentleche Gelder finanzéiert ginn.

D’Gewerkschaft erënnert och drun, dass et bei BENU Village bis haut keng Sozialwale gouf, obwuel d’ONG jo méi ewéi 15 Persoune beschäftegt. Bis d’Enn vum Joer géifen awer elo ëmmerhin esou Walen organiséiert ginn. Den OGBL an d’Salariéeë wären an dësem Kontext bereet, gewerkschaftlech Aktiounen duerchzeféieren, fir eben d’Situatioun bei BENU Village ze klären. D’Direktioun, de Verwaltungsrot an déi politesch Responsabel wären de Salariéen dat schëlleg, déi sech mat Häerz fir de Projet asetzen.

D'Schreiwes vum OGBL.

Back to Top
CIM LOGO