Een Appell fir Fridden an der Welt huet de Poopst François a sengem Chrëchtdagsmessage virun Dausende vu Gleewegen op der Péitersplaz lancéiert.
De Chef vun der kathoulescher Kierch huet och dëst Joer op en Neitst e vill ze laangen Tour iwwer d'Krisen a Konflikter an der Welt gemaach. Syrien, Irak, Libanon, d'Regioun vum Sahel, Nigeria, de Jemen. D'Kierch leet dës Chrëschtdeeg e besonnesche Wäert op d'Situatioun vun de Kanner. Déi ënner Gewalt, Mëssbrauch, a Krich leiden.
E Message, deen och hei zu Lëtzebuerg, an der Kathedral, mat am Mëttelpunkt vun der Priedegt vum Kardinol Jean-Claude Hollerich stoung, dee perséinlech am Mee am Optrag vum Poopst e Flüchtlingscamp op der Insel Lesbos besicht huet. Zanterhier huet sech d'Lag do an um Balkan dramatesch zougespëtzt.
"Kanner, déi ouni Bezuchspersoun do sinn. Vun allen Alterskategorien. Déi Kanner ginn do ausgebeut. Do sinn der sécher, déi verschwanne wäerten an d'Kanner-Prostitutioun. Do sinn der, déi wäerten ugeléiert ginn ze klauen. Do sinn der, déi vergewaltegt ginn. Dat ass grujeleg. Dat geschitt net wäit vun ons, wou mer näischt maache kéinten. Dat ass Griicheland, dat ass Europa, dat ass d'Europäesch Unioun. Do musse mer eis gewalteg schummen, datt mer do nach näischt ënnerholl hunn, sou de Kardinol Jean-Claude Hollerich.
De Kardinol Jean-Claude Hollerich setzt dës Deeg bewosst an d'Zeeche vun der Hoffnung.
"Dass mer kënne mat Hoffnung liewen. Datt eist Liewen e Sënn huet. Eng Hoffnung, déi ons soll fäeg maachen, eis z'engagéieren. "Sou, datt d'Kanner, déi Jonk Leit, och nach kënnen e frout a sënnvollt Liewen muer op dëser Welt hunn."
Do si mer beim zweeten Aktualitéits-Thema: dem Kampf géingt de Klimawiessel. De Kardinol Jean-Claude Hollerich weist drop hin, datt déi éischt, déi leide wäerten, déi Äermst an den aarme Länner sinn. Mënschen, déi op der Flucht de Wee no Europa sichen.