Chambre de CommerceD'Onsécherheet bei de Betriber ass grouss

Claudia Kollwelter
Op hirer traditioneller Pressekonferenz um Enn vum Joer iwwert d'Konjunktur, huet d'Chambre de Commerce e Bilan vun 2019 an en Ausbléck op 2020 gemaach.
Chambre de Commerce: Onsécherheet bei de Betriber ass grouss
Op hirer traditioneller Pressekonferenz um Enn vum Joer iwwert d'Konjunktur, huet d'Chambre de Commerce e Bilan vun 2019 an en Ausbléck op 2020 gemaach.

2020 gëtt e schwéiert Joer fir d'Entreprisen - dat huet d'Chambre de Commerce haut op hirer traditioneller Pressekonferenz iwwert d'Konjunktur betount. Et gouf engersäits e Bilan vun 2019 gezunn an awer och en Ausbléck gemaach. Ma a béide Fäll goung riets iwwert d'Onsécherheet.

Chambre de Commerce - Reportage David Winter

Zanter dem 1. Semester vun dësem Joer géif et wirtschaftlech méi lues goen. D'Handelskonflikter oder de Brexit hunn en staarken Impakt betount de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen.  Och bei eisen däitschen Nopere geet et an der Industrie vill méi lues:

"Wou mer wëssen dat Däitschland, sinn 20% vun de Parts de marché vun eisen Exporter. An dann ass et natierlech normal datt och déi Lëtzebuerger Wirtschaft fréier oder spéider mi staark impaktéiert ze ginn. Mä vläicht eng positiv Nott: mir ginn net dovun aus, datt eng Rezessioun 2020 wäert kommen."

Den Transport an d'Logistik Industrie sinn déi Secteuren déi als éischt eng schlecht Konjunktur ze spiere kréien, mee och d'Commercen an d'Horesca si betraff. Allgemeng géif ee mierken datt d'Lëtzebuerger Betriber net positiv agestallt si fir nächst Joer:

"Dat mëscht eis e bësse Suergen, wëll mer sinn do an engem "Creux conjoncturel" elo, dat ass bekannt, well dat och vu bausse kënnt. Mä wat eis virun allem Suerge mëscht ass datt mer och verschidden "Déficits structurels" hunn."

An zu deenen zielt d'Chambre de Commerce déi sougenannten "Immobilitéit":"Allgemeng fir Leit erbäi ze kréien, déi hei schaffen, Leit déi hei an d'Commercë ginn, déi hei consomméieren, awer och Leit déi Saache geliwwert kréien. All déi Stauen, dat huet en Käschtepunkt op eis Wirtschaft. Mir hunn dat ausgerechent, vun 1,4 Milliarden, dat si bal 3% vun eisem PIB, déi am Fong verluer ginn duerch d'Stauen."

D'Decisiounsprozesser misste vereinfacht ginn, fir datt et méi séier viru geet - och zum Beispill am Logement ënnersträicht de Carlo Thelen. De Betriber misst een donieft d'Méiglechkeete ginn, fir datt se kënnen innovéieren an hir Leit weider forméieren.

Eng positiv Nott géif et trotzdeem ginn: d'Chambre de Commerce geet net dovun aus, datt 2020 eng Rezessioun wäert kommen. Eng Partie grouss Chantiere goufen dann nach definéiert, op deene sech d'Chambre de Commerce wënscht, datt d'Politik agéiert, fir datt d'Ekonomie e sougenannten "Boost" kritt, also gestäerkt gëtt. Dat ass ënnert anerem de Besoin u qualifizéierte Leit, d'Landesplanung oder och nach d'Gesetz iwwert d'Faillitten.

Back to Top
CIM LOGO