ChamberwalenDP geet mat regionalen Duebelspëtzten an d'Rennen

RTL Lëtzebuerg
D'DP huet net just en nationale Spëtzekandidat, mä och eng Duebelspëtzt an deene véier Bezierker. Déi ass allerdéngs net iwwerall paritéitesch besat.
© DP

Am Zentrum sinn et de Premier Xavier Bettel an d’Finanzministesch Yuriko Backes. Am Süden den Educatiounsminister Claude Meisch an den neie Familljeminister Max Hahn. Am Norde ginn de Chamberpresident Fernand Etgen an de Marc Hansen, de Minister vun de Fonction publique, mat.

Am Oste gëtt d’Lëscht ugefouert vum Mëttelstandsminister a Parteipresident Lex Delles an der DP Generalsekretärin, der Deputéiert Carole Hartmann.

Dat huet de Comité Directeur vun deene Liberalen e Freideg den Owend esou guttgeheescht. Nationale Spëtzekandidat ass natierlech de Premier Xavier Bettel.

Déi komplett DP-Lëschte ginn de 15. Juli presentéiert.

PDF: Regional Spëtzekandidaten DP

Back to Top
CIM LOGO