
Deemno chiffréiere sech d'Paien d'nächst Joer am Budget fir d'Police op iwwer 228 Milliounen. Wëll jo bis 2024 pro Joer 207 nei Poliziste rekrutéiert ginn, maachen d'Paien am Joer 2024 dann 251 Milliounen Euro aus.
Och d'Equipement vun der Police huet natierlech e substantielle Käschtepunkt. Sou si ronn 7.000 Euro pro Beamten d'Joer virgesinn, fir spezialiséiert Material a Kleeder.
Fir d'Waffen, Munitioun an d'kugelsécher Gilete sinn d'nächst Joer am Budget 2,8 Millioune Euro virgesinn.
Eng wichteg Acquisitioun ass iwwerdeem en neien Roboter fir Deminage-Aktivitéiten.
Op d'Police weider op den Asaz vun Elektro-Autoen setzt, war e Freideg de Moien net gewuer ze ginn. Eng Analys no der Test-Phas gëtt gemaach an dann d'Conclusioune gezunn, ob weider bei de Forces de l'Ordre op d'E-Mobilitéit gesat gëtt.
De Fuerpark vun der Police gëtt iwwerdeems stänneg ersat. D'nächst Joer ginn eng Dosen nei Police-Motoen ugeschaaft.
Wat d'vill-diskutéiert Police-Fichieren ugeet, sou hofft de Minister Kox, datt en entspriechende Gesetzestext kann viru Fréijoer d'nächst Joer deposéiert ginn.
Iwwert d'Sécherheetspatrulle vun enger privater Security-Firma an der Stad goung e Freideg de Moie sécherlech och um Bord an der zoustänneger Chamberkommissioun vun der bannenzegster Sécherheet Rieds.