Rieds geet vun der Renaturéierung vu Flëss a Baachen, méi speziell vu Péitruss an Uelzecht, déi mat Hëllef vun der Europäescher Investitiounsbank nees zu deem Waasserlaf solle ginn, dee se mol waren. Eng deier Affär. Den Ament hëlleft d’BEI, d’Europäesch Investitiounsbank, 11 EU-Memberstaate beim Finanzement vun hire Mesurë géint de Klimawandel. An dësem Fall geet et ëm de “Life Projet”, an deemno ëm Aktiounen am Beräich vun der Renaturéierung vu méi a manner grousse Baachen a Flëss. Den Ament sinn europäesch Experten hei am Land op Besuch, fir sech engersäits iwwer d’Finanzéierungsméiglechkeeten duerch d’BEI z’informéieren, mee och, fir sech déi Lëtzebuerger Aktiounen a Saache Kampf géint Klimawandel an Héichwaasserschutz unzekucken. En Donneschdeg de Moie stoung déi “nei Péitruss” am “europäesche” Mëttelpunkt.
D’Konzept ass opgaangen, seet de Marc Beros, deen e Joer no der Virstellung vun der BEI hirem Engagement a Saache Klimaschutz sengen auslännesche Gäscht d’Péitruss an hirem neie Look presentéiert. D’Europäesch Investitiounsbank weist de Spezialisten aus den anere Memberstaaten also dat, wat Lëtzebuerg mécht, géint de Klimawandel, méi präzis, géint Héichwaasser an Iwwerschwemmungen. En “Think tank” u sech, e Mix aus Theorie a Praxis, wou deen ee vum anere soll léieren.
De Marc Beros, BEI, Life Projet: “On a souhaité inviter nos clients pour écouter leur message, leurs idées pour développer de nouveaux projets ensemble sur l ‘adaptation au changement climatique et bien entendu aussi inviter la commission et les institutions européennes qui travaillent dans l ‘environnement et la recherche sur le climat.”
Si, dat waren Experten aus ëffentlechem a privat Secteur, Spezialisten, déi d’Problematik aus hire Länner a Regioune kennen a wärend hiren 2 Deeg zu Lëtzebuerg europäesch Léisungen an Hëllefe wollte fannen a verstoen.
D’Eva Hernandez, WWF, Living European Rivers: “Dat hei ass e formidabelt Beispill vu Renaturéierung. Mee et ass eebe just e klengt Stéck. Mir brauchen eng systematesch Approche an zousätzlech Interventiounen, fir dass dës op Natur baséiert Approche och dat richtegt Resultat bréngt.”
D’Dorthe Selmer vu Life Projet Dänemark: “Ech hu mech gefrot, wat déi Zesummenaarbecht mat der Investitiounsbank kéint sinn an hunn elo verstanen, wéi si eis wierklech hëllefe kënne bei der Gouvernance, der Organisatioun an och fir Partner ze fannen?”
Klimaschutz kascht, dat ass gewosst. A wann ee Klimaschutz iwwert d’Waasser wëllt realiséieren, gëtt et nach emol e gutt Stéck méi deier. De Marc Beros: “On parle de milliards et de dizaines de milliards et de centaines de milliards, qu’il faudra dépenser, pour mieux nous protéger contre les vagues de chaleur, contre les inondations, contre les sécheresses. Et on a des idées, mais ces données sont encore très imprécises, bien entendu, parce qu’on ne sait pas, de quoi sera fait le climat de demain.”
Lëtzebuerg eleng krut bis elo vun der BEI 9 Milliounen an de Grapp, an dat just fir Deeler vun Uelzecht a Péitruss. Dass et domat net duer geet, dass een eng Péitruss oder Mamer net mat stéckechersweisen Naturaliséierunge kontrolléiert kritt, ass kee Geheimnis – op d’ganz EU gekuckt, bräicht ee Geld ewéi Hee, an den néidege Wëllen.