Alkoholiséiert gefuerD'Police huet an der Nuecht 2 Permisen agezunn

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, goufen an der Nuecht op e Sonndeg 2 Automobiliste gestoppt, déi ze déif an d'Glas gekuckt haten.
© RTL Archivbild

Géint 1.45 Auer ass Policebeamten an der Rue de Strassen zu Bartreng en Auto wéinst dem Fuerstil opgefall. De Chauffer hat ze vill gedronk.

Géint 3 Auer gouf zu Esch en Automobilist kontrolléiert, deen alkoholiséiert Auto gefuer ass. Den Otemtest war positiv.

A béide Fäll gouf de Fürerschäi agezunn an et gouf e Protokoll.

Back to Top
CIM LOGO