Kläppereien, Streidereien a Stéiere vun der NuetsrouD'Police huet an der Nuecht op e Samschdeg ronn 40 Mol intervenéiert

RTL Lëtzebuerg
Zanter e Freidegowend huet d'Police wéinst verschiddenen Tëschefäll ronn 40 Mol missen uechtert d'Land intervenéieren.

Bei de Fäll, an deenen d’Nuetsrou gestéiert gouf, huet et sech gréisstendeels ëm privat Fester, Noperen, déi ze haart waren oder haart Musek, déi aus Caféen oder vu Fester koum, gehandelt. An de meeschte Fäll hunn déi privat Persoune respektiv d’Organisateure vun de Fester sech asiichteg gewisen. Deelweis konnten d’Polizisten och kee Kaméidi méi feststellen, wéi si op d’Plaz komm sinn.

Weiderhi krut d’Police dann an der Nuecht op e Samschdeg eng Partie Streidereie gemellt. Dës ware gréisstendeels schonn nees eriwwer, wéi d’Beamten op der Plaz waren oder et gouf festgestallt, dass et sech nëmmen ëm verbal Ausernanersetzunge gehandelt huet respektiv, dass keng vun de bedeelegte Persounen polizeilech Hëllef verlaangt huet oder eng Plainte maache wollt.

Eng Persoun gouf allerdéngs am Passage-Arrest ënnerbruecht. En alkoholiséierte Mann hat am Garer Quartier an der Stad aner Persoune belästegt. Wéi d’Police op d’Plaz komm ass, huet hie sech och géigeniwwer de Beamte wéineg kooperativ gewisen a sech geweigert, Plaz fräiwëlleg ze verloossen.

Back to Top
CIM LOGO