
E Sonndeg huet eng Patrull am Nomëtteg um Boulevard J. F. Kennedy zu Esch e Gefier kontrolléiert, bei deem de Verdacht bestanen huet, dass de Chauffer gedronk huet. En entspriechenden Test huet de Verdacht confirméiert an e provisoresche Fuerverbuet gouf ausgestallt.
Um spéide Sonndegowend ass eng aner Policepatrull um Boulevard Prince Henri op Esch-Belval op en Auto opmierksam ginn, dat mat héijer Vitesse gesteiert gouf. De Won huet net just gedämpt, e war och nach beschiedegt, konnt awer kuerz drop vun der Police gestoppt ginn. Bei der Kontroll koum eraus, dass d’Schied vun engem Accident vu virun e puer Deeg stamen an och keng valabel Assurance um Auto war. Och en Alkoholtest war positiv an de Chauffer krut e provisoresche Fuerverbuet.
An der Nuecht op e Sonndeg gouf géint 00.25 Auer an engem Bistro an der Rue des Joncs zu Hesper eng alkoholiséiert Persoun gemellt, déi amgaange wier ze randaléieren an den Interieur futti ze maachen. Eng Patrull huet de Mann ausgemaach. Et huet sech erausgestallt, dass dëse schonn opgefall war, well hien d’Noutruffnummer kontaktéiert an do Menacen ausgeschwat hat. Wéinst sengem Zoustand gouf decidéiert, de Mann an Arrest ze setzen, ma och wärenddeem huet hien e puer Mordmenacë géint d’Poliziste vu sech ginn. De Parquet gouf um Enn informéiert, déi ordonéiert huet, dass de Mann sollt festgeholl ginn. Hie koum virun den Untersuchungsriichter.
E Sonndeg de Moie krut d’Police en Abroch an en Auto zu Rouspert-Mompech gemellt, bei deem en Handy geklaut gouf. Am Laf vun den Ermëttlunge konnt den Täter gestallt ginn. De Parquet gouf informéiert an et gouf protokolléiert.
Um Owend vum 4. November koum et zu Esch an der Rue Dicks zu engem brutalen Iwwerfall. D’Affer gouf vu Persounen, déi si flüchteg kennt, fir d’éischt geschloen a krut dono den Handy an e Pak Zigarette geklaut. Am Kader vun enger direkt ageleeter Sichaktioun konnten zwee Verdächteger gestallt ginn. Si goufen op Uerder vum Parquet festgeholl.
Um Owend vum 2. November gouf an engem Akafszenter an der Rue Alphonse Wecker um Kierchbierg e presuméierte Brigang vum Sécherheetspersonal gepëtzt, deen d’geklaute Wuer an enger Posch wollt aus engem Buttek droen. Am Laf vun den Ermëttlungen huet sech erausgestallt, dass de Verdächtege wuel schonn e puer Deeg virdrun am selwechte Buttek Géigestänn geklaut hat. De Parquet gouf och an dësem Fall kontaktéiert, déi ordonéiert hunn, dass dem Mann soll festgeholl ginn. Hie koum schonn den 3. November virun den Untersuchungsriichter.
Den 2. November dann nach gouf géint 15 Auer e verdächtege Mann an engem Buttek um Boulevard Prince Henri zu Esch dobäi erwëscht, wéi hie versicht huet, Gezei matgoen ze loossen. Hien hätt och d’Mataarbechter e puer Mol menacéiert an de Buttek du verlooss. Am Kader vun enger Sichaktioun konnt och dëse Brigang den Dag selwer gestallt ginn a gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.