Ee Gefier war nëmmen nach op de Felgen ënnerweeD'Police huet eng Partie Führerschäiner wéinst Alkohol um Steier agezunn

RTL Lëtzebuerg
Géint 21.30 Auer e Samschdeg krut d'Police e beschiedegt Gefier gemellt, dat vun Dippech an Direktioun Nidderkäerjeng ënnerwee war.

Eng Patrull vun der Police konnt d’Gefier, dat nëmmen nach op de Felge gerullt ass, kuerz drop unhalen. Den Alkoholtest, dee beim Chauffer gemaach gouf, war positiv an de Führerschäi gouf agezunn.

Géint 22.55 Auer hat dann e Chauffer an der Route des 3 Cantons zu Betteng op der Mess d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer a war mat dësem accidentéiert. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Permis fort.

Ëm 00.50 Auer e Sonndeg de Moie war enger Patrull vun der Police dann e Chauffer opgefall, dee säi Gefier am Zickzack iwwert d’Route du Vin zu Éinen gesteiert huet. Dat nämmlecht war kuerz viru 5 Auer an der Lëtzebuerger Strooss zu Fréiseng de Fall.

Scho géint 01.10 Auer hat eng Patrull vun der Police e Chauffer gestoppt, dee mat ze héijer Vitess iwwert de Boulevard Grande-Duchesse Charlotte an der Stad gefuer ass. Och hei gouf de Führerschäin agezunn, well Alkohol am Spill war.

Géint 03.00 Auer gouf dann e Chauffer zu Beefort kontrolléiert. Och hien hat ze vill gedronk an huet de Führerschäi missten ofginn.

Back to Top
CIM LOGO