Wéinst Alkohol um SteierD'Police huet nees eng Rei Permisen agezunn

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdegowend hunn nees eng Rei Chaufferen uechter d'Land hire Fürerschäi missen ofginn, well si ze déif an d'Glas gekuckt haten.
© Police Archivbild

Ee Chauffer, dee vu Mompech a Richtung Iechternach ënnerwee war, war de Beamte wéinst senger Fuerweis opgefall. Nieft engem positiven Alkoholtest, hunn d’Polizisten och festgestallt, datt hien ouni valabele Permis ënnerwee war. Op Uerder vum Parquet gouf säi Gefier confisquéiert an e Protokoll géint hien erstallt.

Kuerz virun 19 Auer krut de Chauffer vun enger Camionnette an der Rue Lohr zu Miersch e Verkéiersschëld ze paken, en ass doropshin awer einfach weidergefuer. Nodeems hien am Laf vum Owend konnt ermëttelt ginn an en Alkoholtest positiv ausgefall war, krut hie säi Permis ofgeholl.

Zu Nidderkäerjeng an der Rue de la Reconnaissance Nationale koum et kuerz virun 22 Auer zu engem Accident mat Materialschued awer ouni Blesséierter. Och hei krut e Bedeelegten, deen ze vill gedronk hat, säi Fürerschäin ofgeholl.

E weidere Permis gouf wéinst engem positivem Alkoholtest engem Chauffer zu Uewerkuer ofgeholl.

Back to Top
CIM LOGO