
Éischten Erkenntnisser no ass een Automobilist op déi falsch Spuer geroden. Hei konnt ufanks nach e Won dem Geeschterfuerer auswäichen. Ma déi Automobilistin, déi him dono entgéintkoum, konnt net méi auswäichen a krut deen aneren Auto frontal ze paken.
Eng Persoun huet misste vun de Rettungsekippen aus dem Auto gehollef kréien. Béid Chauffeure goufe liicht blesséiert, ma eng Bäifuererin gouf uerg blesséiert an huet missten hospitaliséiert ginn.
An dësem Zesummenhang sicht d’Police nom Autofuerer, deen den Aussoen no dem accidentéierten Auto, deen op der falscher Spuer war, ausgewäicht ass. De Chauffeur, sou wéi soss Zeien, solle sech beim Police-Kommissariat Atert um +352 244921000 oder per E-Mail: police.atert@police.etat.lu mellen.