An der Stad, zu Fenteng an zu DiddelengD'Police mellt eng Partie Abréch uechter d'Land

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg de Moie krut d'Police en Abroch an e Lokal an der Rue de la Loge an der Stad gemellt.

Den éischten Informatiounen no hat den Abriecher hei eng Scheif ageschloen, fir eranzekommen. Wéi doropshin den Alarm lassgaangen ass, ass hie fortgelaf.

Schonn an der Nuecht op en Donneschdeg war an der Beetebuerger Strooss zu Fenteng agebrach ginn. Hei haten d’Brigange sech iwwert d’Fënster vun der Buedzëmmer Zougang zu engem Haus verschaaft a Boergeld an eng Partie Géigestänn geklaut.

E weideren Abroch gouf et dann en Donneschdeg de Moien zu Diddeleng an der Saibelkaul. Hei war den Täter iwwer eng futtis Fënster an de Büro vu engem Buttek agedrongen an hat Boergeld geklaut.

D’Police huet an deenen 3 Fäll déi entspriechend Ermëttlungen an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO