
Dat eng Kéier zu Märel an eng weider Kéier zu Stroossen. An dësem Zesummenhang huet d’Police elo en Zeienopruff lancéiert a Biller vun enger verdächteger Persoun erausginn.
Beim presuméierten Täter soll et sech ëm e Mann mat wäisser Hautfaarf handelen. Hie soll ongeféier 1 Meter 70 grouss gewiescht sinn an eng hellblo Jeans, e schwaarze Kaputzepullover mat engem wäisse “Puma-Logo” drop a rout Turnschong ugehat hunn.
Wien Informatiounen iwwert dee Verdächtegen huet, ass gebiede sech bei der Stater Police (Telefonsnummer: 244 40 1000) oder beim Policekommissariat vu Capellen/Stengefort (Telefonsnummer: 244 30 1000) ze mellen. Alternativ kann een och e Mail u “police.luxembourg@police.etat.lu” oder u “police.capellensteinfort@police.etat.lu” schécken.