VermësstemeldungD'Police sicht nom 12 Joer ale Celyha Hicks

RTL Lëtzebuerg
Dat 12 Joer al Celyha Hicks gëtt zanter dem 7. Mee 14 Auer vermësst. All d'Informatioune si fir de Policekommissariat vun Dikrech/Veianen.

Dat vermësste Meedchen ass tëscht 1.40 an 1.50 Meter grouss, huet eng donkel Hautfaarf an ass dënn gebaut. Et huet schwaarz, gekrauselt Hoer an e Schéinheetsfleck am Gesiicht.

D’Celyha Hicks schwätzt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch.

Wéi et fir d’lescht gesi gouf, hat et eng rout Jackett, eng rout Box vun Adidas a wäiss Schong un.

D’Meedche gouf fir d’lescht am Raum Péiteng gesinn.

Wien Informatiounen iwwert dat vermësste Meedchen huet, ass gebiede sech beim Service vun der Police Judiciaire fir d’Protection de la Jeunesse a sexuell Strofdoten am Policekommissariat Dikrech/Veianen ze mellen. Dat op der Telefonsnummer 244 602 249.

Back to Top
CIM LOGO