
D’Beschreiwung vum Täter ass déi follgend: De Mann huet eng wäiss Hautfaarf, eng normal Statur an ass tëscht 1,66-1,70 Meter grouss. Hien hat däischter Kleeder an e Brëll un.
Leit, déi eppes Ongewéinleches oder Suspektes gesinn hunn, oder souguer Informatiounen zum Täter kënne liwweren, si gebieden, sech bei der Police judiciare um 244601110 ze mellen, oder eng Mail op spj.rgb@police.etat.lu maachen.