
D'Corona-Pandemie dëst Joer hätt wuel och en negativen Impakt op de Grupp an et wier net einfach gewiescht, sech op déi nei Situatioun ëmzestellen, heescht et vun der Direktioun. Ma et wier ee gutt opgestallt an d'Resultat vum Joer 2019 géif et erlaben dem Aktionär, also dem Staat, eng Dividend vun 20 Milliounen Euro auszebezuelen.
21 Millioune manner Bréiwer an de leschte fënnef Joer a ronn 20.000 fix Telefonsuschlëss, déi d'lescht Joer ofgeschalt goufen, weise kloer a wéi eng Richtung d'Servicer vun der Post an Zukunft wäerte goen. Déi mobil Telefonie gëtt weider ausgebaut, absënns am Beräich vum 5G, genee wéi och d'Logistik-Servicer. Am Logistik-Beräich hat de Grupp d'lescht Joer besonnesch gutt Resultater, wéi de Generaldirekter, Claude Strasser erkläert:
"Do ass, wou déi gréisste Progressioun ze verzeechnen ass, wat eigentlech ganz erstaunlech ass, wat sech awer erkläert duerch dee Succès, dee mir hunn, mat eiser internationaler Logistik-Aktivitéit, notamment fir E-Commerce-Trafic aus Asien op Lëtzebuerg ze bréngen an et vun hei aus ze verdeelen. Dat ass e Business mat ganz vill Ëmsaz. Ronn 13 Millioune Päck, déi bréngen e gewëssenen Ëmsaz mat sech. Ma et soll ee sech keng Illusioune maachen, d'Margen am Logistik-Beräich si ganz niddreg. An awer mécht dat sech um Chiffre d'Affaires ganz staark bemierkbar."
Problematesch wier awer aktuell d'Situatioun beim Postscheck-Geschäft. An dat paradoxerweis obschonns d'lescht Joer ronn 10.000 nei Clienten dobäikomm sinn an d'Clienten an der Moyenne och méi Sue bei der Post deponéieren.
"Mir remuneréieren eis Clienten zwar net op hire Compte Couranten, mä mir mussen déi Sue placéieren an haut kënne mir dat net méi käschtendeckend maachen. Dat heescht all Euro, deen op engem CCP placéiert gëtt, féiert direkt zu negativen Zënsen, ënnert deene mir leiden, well mir déi Depoten ze geréieren hunn."
Am grousse Ganze mécht dat wuel kaum eppes aus, ma déi onbezuelte Rechnunge vum groussherzoglechen Haff sollen 2020 op en Enn kommen, esou de Claude Strasser op Nofro. Mam Waringo-Rapport war jo public ginn, dass wéinst engem alen Accord den Haff seng Rechnunge bei der Post net huet musse bezuelen. Dat waren eleng d'lescht Joer ronn 600.000 Euro.
