AMMD fuerdert nei Corona-MesurenDr. Alain Schmit: Esou e Weiderfueren ass keng Solutioun

Christophe Hochard
Monica Camposeo
Déi héich Neiinfektioune géinge weisen, dass d'Leit trotz partiellem Lockdown nach ëmmer ze vill beienee sinn.
AMMD fuerdert nei Corona-Mesuren
Den AMMD-President Dr. Alain Schmit seet, dass d’Leit trotz partiellem Lockdown nach ëmmer ze vill beienee sinn.

Nach ëmmer wär déi deeglech Zuel u Corona-Neiinfektiounen ze héich. Suerge maachen engem virun allem déi vill Mënschen, déi aktuell mat oder duerch de Covid-19 stierwen.

Fir de President vun den Dokteren an Zänndoktere gëtt et fir déi ablécklech Situatioun hei zu Lëtzebuerg nëmmen eng Solutioun:

“Opgrond vun den Zuelen, déi sech haut och erëm nei weisen an déi den Trend vun de leschten Deeg a Woche bestätegen, muss een iwwer nei Mesuren nodenken. Wat fir eng genau, wëll ech elo hei sou net soen, mee eent muss sécher sinn, dat ass, dass esou e Weiderfueren keng Solutioun ass.”

Den héije Niveau un Hospitalisatiounen, dee jo mat den Neiinfektiounen zesummenhänkt, wier op laang Siicht an de Spideeler nämlech net ze packen. D’Situatioun an de Spideeler wier extrem ugespaant. D’Personal, dat op de Covid-19-Statiounen am Asaz ass, géif un hire Limite schaffen. D’Well am Fréijoer wier ustrengend gewiescht an elo wier een och nees zanter Wochen ouni Paus am Asaz.

Extrait Dr. Alain Schmit


Déi héich Neiinfektioune géinge weisen, dass d’Leit trotz partiellem Lockdown nach ëmmer ze vill beienee sinn. Et wier awer och déi eege Responsabilitéit fir d’Gestes barrières ëmzesetzen an net op d’Decisioune vun der Regierung ze waarden, esou den AMMD-President. Egal wéi dës ausfalen, sollt jidderee sech bewosst sinn, dass grouss Familljefeieren, dobannen a wou keng Distanz kann agehale ginn, net ze recommandéiere sinn.

Virun allem iwwer d’Feierdeeg soll ee sech bewosst sinn, dass de Virus keng Paus mécht. All Kontakt mat enger Persoun, mat där een net zesumme wunnt, wier e Risk, esou den Dr. Alain Schmit. Virun allem well d’Inzidenz, also d’Präsenz vum Virus an der Gesellschaft, den Ament esou héich ass. Dat soll ee bei der Organisatioun vun de Feierdeeg bedenken an net op d’Mesurë vun der Regierung waarden.

D’Hoffnunge leien um Vaccin, och wann ee wéist, dass een net vun haut op muer déi ganz Populatioun geimpft kritt.

RTL-Informatiounen: Corona-Mesurë gi wuel verlängert

Back to Top
CIM LOGO