
Am Raum steet natierlech e méiglecht Verlängere vun de Covid-Restriktiounen och nom 15. Dezember an deemno och fir d’Feierdeeg. D’Decisioune vun der Regierung dierften dann e Mëttwoch am Nomëtteg vun de Ministere Bettel a Lenert bekannt gemaach ginn, nodeem de Chamber-Büro an d’Presidentekonferenz an d’Bild gesat goufen.
RTL-Informatiounen no weist den Ament näischt drop hin, datt d’Lockdown-Mesurë méi labber gemaach ginn. Datt punktuell Mesurë komme kéinten, fir datt d’Famillje beienee kënne kommen, fir sech fir d’Feierdeeg ze gesinn, schéngt awer keng Optioun fir d’Regierung ze sinn. E breet Opmaache vun de maximale Persounen-Limitatiounen ass eise Sourcen no net virgesinn.
Den Avis vum nationalen Ethik-Comité louch den Deputéierten den Dënschdeg de Moien och an der Chamber-Santéskommissioun vir. Hei huet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert dann och d’national Impftrategie presentéiert.
Iwwert d’Fraktiounen ewech gouf et e breede Support fir dës Strategie, et gouf op Detailfroen den Dënschdeg de Moie geschafft.
Wéi de Staatsministère um Dënschdeg de Mëtteg matgedeelt huet, informéieren de Premier Xavier Bettel an d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert e Mëttwoch um 15 Auer an engem Pressebriefing iwwert d’Aarbecht am Regierungsrot.