Changement un der Spëtzt vum CHLDr Martine Goergen gëtt nei Direktesch

RTL Lëtzebuerg
Dat huet d'Verwaltungs-Commissioun vum Spidol um Méindeg decidéiert.

D’Nominatioun gëllt vu Mäerz d’nächst Joer un, wann de Romain Nati, deen aktuell bei der LSAP fir d’Wale kandidéiert, an d’Pensioun geet.

D’Martine Goergen ass aktuell Directeur Médical am CHL, wou si virun 2 Joerzéngten als Chirurgin ugefaangen huet.

Zanter 6 Joer ass d’Martine Goergen medezinesch Direktesch vum Centre Hospitalier.

De Romain Nati kandidéiert no 2004 eng zweete Kéier fir d’LSAP bei Nationalwalen – de Pneumologue huet 64 Joer a war ë.a. bis Oktober 2019 Vize-President vum Staatsrot.

PDF Schreiwes CHL

Back to Top
CIM LOGO