
Op der A7 sinn am Ofstand vu knapp 40 Minutten zwee Gefierer widder d’Leitplank geknuppt. A béide Fäll ass allkéiers eng Persoun blesséiert ginn.
Kuerz virun 2 Auer an der Nuecht op e Freideg gouf et dann och en Accident zu Stengefort, wou zwee Gefierer matenee kollidéiert sinn. 3 Blesséierter gouf et hei insgesamt.