112-BulletinDräi Accidenter op den Autobunnen, ee weideren zu Bartreng

RTL Lëtzebuerg
Vill lass am Verkéier. Bannent zwou Stonne mellt de CGDIS ganzer véier Accidenter um Freideg Moien. Et goufe sechs Blesséierter.
© Domingos Oliveira

Géint 8 Auer koum et op der A3 a Richtung Stad hannert der Grenz zu Diddeleng zu engem Accident mat engem Auto, deen an e Motorrad gerannt ass. Eng Persoun ass dobäi blesséiert ginn, d’Rettungsekippe vun Diddeleng a Beetebuerg waren am Asaz.

Um kuerz no 8.30 Auer sinn op der A13 Direktioun Péiteng tëscht Lankelz an Éilereng, zwee Autoen an e Bus gerannt. Et goufen zwee Blesséierter. Am Asaz waren d’Ekippe vun Esch a Suessem/Déifferdeng.

Um 9.45 Auer ass et nees zu engem Accident mat zwee Autoen op der A3 an Direktioun Diddeleng komm. Dës Kéier war et op der Héicht vun Diddeleng. Och hei waren d’Rettungsekippe vun Diddeleng a Beetebuerg am Asaz, et goufen zwee Blesséierter.

Kuerz no 10 Auer mellt de CGDIS nach en Accident zu Bartreng an der Rue des Merovingiens, woubäi eng Persoun vun engem Auto ugestouss ginn ass. Op der Plaz war eng Ambulanz vum CIS Mamer.

Back to Top
CIM LOGO