CGDISDräi Blesséierter bei Accident tëscht Käerjeng a Péiteng

RTL Lëtzebuerg
Donieft gouf et nach e Feier zu Waasserbëlleg, dobäi ass awer kengem eppes geschitt.

De CGDIS mellt en Accident en Donneschdeg Owend tëscht Käerjeng a Péiteng. Zwee Autoe waren dra verwéckelt, dräi Persoune goufe verwonnt.

Zu Waasserbëlleg hat et géint 17.30 Auer en Donneschdeg dann nach op engem Balcon an der Grand-Rue gebrannt. Zu Roudemer hat eng Luucht gebrannt an op der N11 stoung e Camion a Flamen, dat béides um Freideg de Moien.

Zwee Leit goufen tëscht Donkels an der Schleef blesséiert, wéi zwee Ween anenee gerannt sinn. Ee Blesséierte gouf et, wéi sech zu Munneref en Auto iwwerschloen hat, dat géint 7 Auer. Kee Blesséierte gouf et zu Lëpschent, wéi en Auto an de Summerwee geroden ass. Beim Materialschued blouf et dann och op der A13 bei Péiteng, wou sech zwee Ween ze pake kruten, respektiv bei Houschent, wou en Auto an e Camion net laanschtenee koumen.

Back to Top
CIM LOGO