CGDISDräi Blesséierter bei dräi Accidenter e Mëttwoch den Owend

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch géint 18 Auer gouf et zu Ettelbréck an der Baaschtnecher Strooss eng Kollisioun mat zwee Autoen, eng Persoun ass dobäi blesséiert ginn.

Kuerz virun 19 Auer ass an der Fiels an Rue Scheerbach en Automobilist an eng Partie geparkte Gefierer gerannt. Och hei mellt de CGDIS ee Verwonnten.

Um CR186 tëscht der Kockelscheier a Réiser ass e Motocyclist vun engem Auto ugestouss ginn. Eng Persoun gouf blesséiert. De Samu war op der Plaz.

En Donneschdeg de Moie géint 8 Auer ass op der N6 tëscht Stroossen a Bartreng e Motocyclist gefall.

Back to Top
CIM LOGO