CGDISDräi Blesséierter bei zwee Accidenter um Dënschdeg de Moien
Géint 8.55 Auer en Dënschdeg de Moie koum et zu Hesper zu enger Kollisioun tëscht fënnef Gefierer, wou zwou Persoune blesséiert goufen.
Um 10.40 Auer ass zu Déifferdeng an der Rue Dicks-Lentz en Auto accidentéiert an op der Kopp gelant. Hei gouf eng Persoun verwonnt. Ënnert anerem war de Samu am Asaz.