
De 15. Januar 2022 war e Grupp vu ronn 350 Manifestanten tëschent der Gare an der Paräisser Plaz agekesselt ginn an hu sech missen ausweisen, iert se d’Plaz konnte verloossen.
Eng 30 Leit waren deemools interpelléiert ginn, a 16 Fäll gouf et eng strofrechtlech Relevanz. Ënnert anerem war mat Pyrotechnik op d’Policebeamte geschoss ginn.
Wéi déi gréng Justizministesch Sam Tanson an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Adr-Deputéierte Fernand Kartheiser schreift, hätt de Parquet am Zesummenhang mat där Demonstratioun bis ewell néng Procès-verbauxe kritt. An deenen néng Fäll wier och eng juristesch Prozedur ageleet ginn an a wéi gesot dräi Fäll gouf et mëttlerweil eng Verurteelung.