
Op der A3 um Gaasperecher Kräiz hat et géint 13.40 tëscht zwee Gefierer geknuppt. Hei goufen zwou Persoune blesséiert. Am Asaz waren d’Ambulanze vu Réiser a Beetebuerg.
Kuerz viru 15 Auer koum et um Boulevard de la Foire an der Stad zu enger weiderer Kollisioun tëscht zwee Autoen. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vum Rettungsdéngscht aus der Stad versuergt.
Och an der Route d’Esch an der Stad goufen et zwee Blesséierter, wéi zwee Automobiliste mat hire Ween net laanschtenee koumen. Op der Plaz waren de Rettungsdéngscht an d’Ambulanz aus der Stad.
Wéi de CGDIS en Donneschdeg de Moie mellt, ass e Mëttwoch den Owend géint 17.30 Auer an der Stad um Belair en Auto an eng Mauer gerannt, woubäi eng Persoun blesséiert gouf.
Zwee Blesséierter gouf et da géint 20 Auer e Mëttwoch, wéi et an der Stroossbuerger Strooss zu Hollerech an enger Wunneng gebrannt huet. Zwou Persoune goufe mat enger liichter Dampvergëftung behandelt.