EschDräi Leit koumen no Kläpperei an de Passagearrest

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg koum et am Escher Grenzvéierel géint 20.30 Auer zu enger Ausenanersetzung, bei där d'hënnescht Fënster vun engem Auto futti gaangen ass.
© RTL-Archivbild

Obwuel d’Police agegraff huet, hunn d’Parteien ëmmer nees versicht openeen anzeschloen. Dräi alkoholiséiert Persounen hunn doropshi misse mat op de Policebüro goen. Well hiren Zoustand eng Gefor fir sech selwer an Drëttpersounen duergestallt huet, koume si an de Passagearrest.

Déif a Supermarché gepëtzt

An engem Akafszentrum op der Cloche d’Or ass et engem Sécherheetsbeamte gelongen, eng Persoun ze stellen, déi an engem Buttek Liewensmëttel an e puer Fläsche Cremant klaue wollt. Virun e puer Deeg gouf den Déif schonn a Supermarchéen um Houwald an zu Uewerkuer erwëscht. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

Drogendealer an der Stad festgeholl

Den 29. Januar hunn d’Beamten zwou Persounen an der Rue de la Vallée beim Dealen erwëscht. Wärend der Kontroll huet sech erausgestallt, datt ee vun hinnen de Keefer an een de Verkeefer war. Fräiwëlleg huet de Keefer de Polizisten 2 kaafte Bulle Kokain ausgehännegt. An enger Heck, net wäit ewech vun där Plaz, sinn d’Beamten op 4 weider Kugele gestouss. Den Drogendealer gouf duerno kontrolléiert an en Telefon, Boergeld a weider Droge saiséiert. De Parquet huet ordonéiert, de Verkeefer festzehuelen. Dësen hat du Rendez-vous beim Untersuchungsriichter. De Keefer gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO