PoliceDräi Leit verbrénge wéinst aggressivem Verhalen d'Nuecht am Passagearrest

RTL Lëtzebuerg
Ganzer 50 Asätz haten d'Beamte vun der Police an der Nuecht vun Halloween, dat meeschtens wéinst Kaméidi oder Streidereien.

An de meeschte Fäll vun den Asätz huet et sech ëm Privatpartie gehandelt, wou d’Musek ze haart war oder d’Leit virun der Dier ze haart geschwat hunn. An den allermeeschte Fäll waren d’Organisateure vun de Partien, sief et doheem oder an engem Bistro, asiichteg an d’Saach konnt séier gekläert ginn. Och war de Kaméidi deels schonn eriwwer, wéi d’Beamten agetraff sinn.

Och bei Streidereien, ob déi d’Poliziste geruff goufen, war d’Situatioun dacks scho gekläert, wou si ukoumen an keng vun de Parteie wollt eng Plainte maachen oder op d’Hëllef vun der Police zeréckgräifen.

Anescht war dëst awer zu Déifferdeng, déi d’Beamten géint 2.15 Auer zwee alkoholiséiert Männer virfonnt hunn, déi uneneegerode waren. Dobäi koumen och net nëmme si zu Schued, mä och nach zwee Ween, déi do stoungen, goufe beschiedegt. D’Polizisten hunn d’Männer missten trennen, konnten een vun den zwee awer net berouegen. Dëse gouf direkt e puer Mol vun de Polizisten opgefuerdert, d’Plaz ze verloossen a säin aggressiivt Verhalen ze ënnerloossen. Well hien deem net nokomm ass, duerft hien d’Nuecht am Passagearrest verbréngen. Weider Ermëttlunge goufen donieft och nach opgeholl.

Ëm ongeféier déi selwecht Zäit haten an de Rives de Clausen an der Stad zwou Persounen d’Fassong verluer an hu sech hei an der Déifgarage zerklappt. Wéi d’Beamte wéinst dësem Tëschefall op der Plaz agetraff sinn, konnte si awer näischt méi feststellen. En Automobilist huet awer op sech opmierksam gemaach, well deen, wärend hien am Parkhaus laanscht d’Leit gefuer ass, dës agresséiert a beleidegt huet. Och hie gouf vun de Beamten opgefuerdert, dat sinn ze loossen, konnt sech awer net beherrschen. Wéi hien de Won du sollt stoe loossen an erausklammen, huet hien och dëst net wollte maachen. De Poliziste sollt et awer geléngen, de Mann drun ze hënneren, fir weiderzefueren, a konnten, hien, trotzt Widderstand, immobiliséieren. Dat huet der Bäifuererin dunn net gefall, déi op d’Poliziste lassgoe wollt. Dëst konnt awer verhënnert ginn. Schlussendlech hu béid hir Nuecht um Policebüro verbruecht.

Back to Top
CIM LOGO