Taxichauffer mat Messer menacéiertDräi Männer no Iwwerfall zu Péiteng gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Kuerz virun Hallefnuecht e Méindeg gouf en Taxichauffer beim Kierfecht an der Rue Prinzenberg zu Péiteng vun dräi Männer iwwerfall.
© Laurent Weber / RTL

Wéi d’Police schreift, hunn déi dräi Männer de Chauffer mat engem Messer menacéiert, éier si him zwee Portmonnie geklaut hunn. No der Dot wieren déi Verdächteg a Richtung Eisebunnsbréck geflücht.

Am Kader vun der Sicht konnt eng Patrull déi presuméiert Täter mat de geklaute Portmonnien untreffen. Déi dräi Männer goufe festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter.

Drogendealer zu Esch-Uelzecht erwëscht

Eng hallef Stonn virdrun hu Beamte vun der Police an der Rue des Remparts zu Esch-Uelzecht zwee Drogeverkeef gesinn. De presuméierte Keefer konnt direkt vun de Poliziste festgeholl a kontrolléiert ginn. Bei him gouf eng Kugel Kokain séchergestallt, déi hien ewech geheit hat, wéi hien d’Beamte gesinn huet.

Kuerz Zäit drop konnt och den Drogendealer gepëtzt ginn, dee ganzer 38 Kugele Kokain op sech hat. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO