Accidenter uechtert d'LandDräi Permise wéinst Alkohol agezunn

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, kruten dräi Persounen um Dënschdeg de Permis ofgeholl, well se ze vill gedronk haten - zwee Mol am Kader vun engem Accident.

Géint 19 Auer ass an der Rue de Rollingergrund an der Stad eng Automobilistin géint eng Mauer vun engem Virgäertche gerannt. Et gouf keng Persoun blesséiert. Allerdéngs war den Alkoholtest positiv an de Permis gouf agezunn.

Um CR106 tëscht Schweech a Kräizerbuch ass géint 21 Auer e Chauffer accidentéiert. Hie gouf vun de Rettungsdéngschter ënnersicht, woubäi den Alkoholtest positiv ausgefall ass. Och hei huet de Fürerschäi missen agezu ginn.

Zu Osper huet géint Hallefnuecht e weideren Automobilist missen de Permis wéinst ze staarkem Alkoholafloss ofginn.

Back to Top
CIM LOGO