Nach zou fir de PublicD'Renovatiounsaarbechte vum Helleggeescht-Parking sinn u sech fäerdeg

RTL Lëtzebuerg
Hei an do mussen nach Klengegkeete gemaach ginn an awer bleift d'Parkhaus fir de Public bis op Weideres zou.
Renovatiounsaarbechte vum Helleggeescht-Parking
Hei an do mussen nach Klengegkeete gemaach ginn an awer bleift d’Parkhaus fir de Public bis op Weideres zou.

De Souterrain gehéiert dem Staat an dee brauch dës Parkplaze fir d’Leit, déi bei der Fonction publique schaffen. Grond: deenen hiert Parkhaus - de Clairefontaine - gëtt den Ament och nach renovéiert.

Op annerhalleft Joer waren d’Aarbechten ugesat. Mëttlerweil si mir iwwer dësen Delai eraus. De Parking Saint-Esprit goung 1985 op. Elo weist e sech an engem neie Kleed. Méi hell, all Stack huet seng eege Faarf an och méi Parkplaze ginn et. 550 am Total.

D’Parkhaus ass op 4 verschidde Stäck verdeelt. Nieft méi grousse Parkplaze fir Famillje gouf och un d’Elektromobilitéit geduecht. 25 Elektrobornë stinn zur Verfügung. Des Unzuel kéint awer ausgebaut ginn. Ausserdeem gëtt et eng extra Plaz fir d’Vëloen.

D’Käschte vun de Renovatiounsaarbechte vum Helleggeescht-Parkhaus belafe sech op 7 Milliounen Euro. Déi vum Parking Clairefontaine op 9,5 Milliounen Euro. Enn 2024 soll dëst Parkhaus nees opgoen. Vun dann u kéint de Saint-Esprit wuel och nees fir de Grand Public zougänglech ginn.

Back to Top
CIM LOGO