
Wéi d’Police mellt, gouf hinnen e Sonndeg géint 19.45 Auer en Auto op der A7 a Richtung Miersch gemellt, deen a Schlaangelinne gefuer ass. Bei der Kontroll huet de Chauffer, deen trotz provisoreschem Fuerverbuet mam Auto ënnerwee war, en Alkoholtest refuséiert. Den Automobilist gouf protokolléiert an d’Gefier op Uerder vum Parquet saiséiert.
Kuerz no Hallefnuecht e Méindeg war enger Patrull dann e Won opgefall, deen op der N15 am Pommerlach op der Fuerbunn stoe blouf. Beim Erbléckse vun de Beamten huet de Chauffer sech allerdéngs duerch d’Bascht gemaach. Wéi dëse kuerz drop vun der Police gestoppt gouf, ass de Beamten de Geroch vu Cannabis opgefall. Den Drogentest op der Plaz war och deementspriechend positiv an eng kleng Quantitéit u Cannabis konnt séchergestallt ginn. Och hei gouf den Automobilist protokolléiert.