PoliceDrogen, Boergeld a Stéchwaffen zu Diddeleng saiséiert

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg den Owend hunn d'Beamte vun der Police bei e puer Persounen Droge fonnt.
© AFP

An der Rue des Minieres huet d'Police e stationéiert Gefier kontrolléiert, an deem e Mann op der Réckbänk an eng Fra um Bäifuerersëtz souz, an dat no Cannabis geroch huet. Am Laf vun der Kontroll koum de Besëtzer vum Auto dobäi, deen zouginn hat, Marihuana consomméiert ze hunn.

Bei enger Kierperkontroll vum Chauffer goufen 20 Gramm Marihuana fonnt. D'Drogen an d'Boergeld, dat hie bei sech hat, goufe saiséiert.

Deen anere Mann am Auto hat eng geréng Quantitéit Marihuana an Haschisch dobäi, wéi och ronn 18 Gramm wäisse Pudder.

Weider 110 Gramm Cannabis, Drogenutensilien an 2 Messer goufe beim Duerchsiche vun engem vun hiren Haiser fonnt a saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO