
Saiséiert goufen 2 Kokain-Bullen an 2 Marihuana-Tuten, Boergeld an 2 Telefonen.
Op Uerder vum Parquet gouf den Drogendealer festgeholl a muss sech virum Untersuchungsriichter veräntwerten. Och de Keefer gouf protokolléiert, an d'Drogen, déi hien ofkaaft huet, goufen saiséiert.
E Méindeg de Moie mellt d'Police, dass zu Esch/Uelzecht an der Rue de Belval a 6 Liwwerween agebrach gouf. Eng Fënster gouf vun de Gefierer ageschloen, fir haaptsächlech Airbaggen ze klauen. D'Spuresécherung war op der Plaz an Ermëttlunge goufen ageleet.
Och zu Schëffleng an der Rue Denise Netgen gouf an e Liwwerwon agebrach. Wéi et vun der Police heescht, gouf Aarbechtsmaterial geklaut.
Bei enger Persounekontroll an der Route de Thionville an der Stad ass der Police e Méindeg den Owend eng Persoun opgefall, déi eigentlech am Prisong sëtze misst. Dës gouf direkt an de Prisong bruecht.